Methatherapie

Bewisen Effektivitéit

No der Virbereedung vun Ärem Energiebilan, bidde mir Iech eng Metatherapie un, déi d’Gläichgewiicht vun Ären Organer erëm hierstelle soll. D’Metatron-Bioresonanz-Method kann engersäits energetesch Frequenze vum Kierper empfänken, mee ass doriwwer eraus awer och nach amstand, déi richteg Frequenzen am Kierper ze verbreeden, fir sech erëm méi wuel ze spieren. Dës Prozedur ass absolut vergläichbar mat der Energiebilan-Method: Et ass net invasiv, komplett ouni Péng a kënnt ouni Asprëtze vu chemesche Substanzen a vun enger Behandlung mat Stralen aus. Dofir gehéiert d’Metatherapie zu de Behandlungsmethoden, déi vun de Gesondheetsautoritéiten als « douce Medezin » zougelooss ass.

D'Wierksamkeet vun der Metatherapie ass erstaunlech: konkret Resultater gesäit ee schonn no den éischte Seancen, déi iwwregens net laang daueren. Eng komplett Behandlung kann, jee no dem betraffenen Organ an no dem Eescht vun der festgestallter Erkrankung, no just e puer Visitte fäerdeg sinn. Déi erreechte Verbesserung hält dacks fir ëmmer.

Uwendung vun der Methatherapie

D'Metatherapie no der Bioresonanz-Method ka bei villen Organer mat Erfolleg benotzt ginn, dozou zielen ënner anerem:

  • de Verdauungssystem
  • d’Ootmungsorganer
  • den Urogenitalsystem
  • den Hormonsystem
  • d’Sënnesorganer
  • de Bewegungsapparat
  • den Häerz-Kreeslafsystem
  • de lymphatesche System
  • den Nervesystem
  • emotional Stéierungen

Hei ginn e puer Fäll als Beispill beschriwwen, déi mat der Metatherapie behandelt goufen.

Pollenallergien

Bei de Pollenallergien ass déi, di am bekanntsten ass, den « Heeschnapp ». Vill Leit si mat Pollenallergie geplot, virun allem Kanner, Jugendlecher a jonk Erwuessener. D’Pollinose - dat ass de wëssenschaftlechen Numm - ass eng ganz schro chronesch Krankheet.

D’Pollenallergië provozéieren Entzündunge vun der Schläimhaut an der Nues (Bäissen, Néizen, Lafe vun der Nues) a kënne mat Asthma zesummekommen an och enger staarker Middegkeet, déi vill Behënnerungen am deegleche Liewe mat sech bréngt. Dës Allergien triede meeschtens am Fréijoer op, wann alles an der Bléi ass.

Déi klassesch Behandlung vun der Pollenallergie gëtt mat Antihistaminiquen an Anti-Entzündungsmedikamenter gemeet. Awer, nieft dëser klassescher Behandlung, sollt een eng Kur mat der Metatherapie duerchféiere loosse mat dem Gebrauch vu lokaler Bioenergie, déi op de System vun der Nues fokusséiert ass.

Schmäerz vun de Gelenker

Schmäerz vun de Gelenker ass klassesch a wäitverbreet; e weist op Stéierunge vun de Knachen, den Nerven an de Seenen hin. Des Stéierunge gi, fir die gréissten Deel, op eng iwwerméisseg Belaaschtung oder een Trauma vun dem betraffene Beräich zréck. Et kann sech awer och em een altersbedéngt degeneratiivt Verhalen handelen.

Hei weist de bioenergetesche Bilan een Ielebou, deen arthrotesch Problemer mat dem Bandmaterial huet. D’Analyse weist doriwwer eraus drop hin, dass d’Nervesegmenter betraff kënne sinn, wat sech an enger andauernder Aschränkung an heiansdo duerch ee ganz staarke Schmäerz bei der Beweegung bemierkbar mécht.

D’Behandlung vun deene Beräicher as fir d’Metatherapie e bekannten d’Gebitt, op deem ganz gutt Behandlungsresultater bei der Entlaaschtung vun de Gelenker vun den Äerm an de Been erreecht ginn. Scho mat e puer Therapie-Seance kann an dësem Fall eng formidabel Verbesserung vun der Beweeglechkeet erreecht ginn.

Problemer vum Daarm

Am Allgemengen ass net bekannt, dass den Daarm eng Barrière ass, déi d’Weidergi vun de Närstoffer aus der Liewensmëttelverdauung an d’Blutt verhënnere kann. Den Daarm gëtt liicht vu verschidden Entzündunge befall, déi seng Funktioun aschränken.

Déi schematesch, mee realistesch Zeechnung vun engem Daarmsystem mat der Metatron-Bioresonanz-Method weist, dass vill iwwerméisseg aktiv energetesch Punkten do sinn, déi fir eng lokal Entzündung charakteristesch sinn. Sou eng Krankheet ass normalerweis mat vill Schmäerz begleet, awer och nach mat Symptomer ausserhalb vum Verdauungsapparat.

Duerch d’Metatherapie konnten déi Entzündungsberäicher ganz vill reduzéiert ginn, an esou konnt eng Heelung duerch eng vun engem Dokter verschriwwe schoulmedezinesch oder op der natierlecher Medezin baséierter Behandlung erhéicht ginn. De Leit, déi änlech Resultater hunn, wéi déi hei gewisen, rode mer dringend un bei een Dokter ze goen.

Erkrankunge vum Skelett

Mat Recht huet déi traditionell Medezin op d’Problemer vun de Krankheeten um Skelett higewisen. Allgemeng Ofnotzungserscheinunge vum Skelett zesumme mat skoliotesch Deformatiounen, traumateschen an altersbedéngten degenerative Problemer oder Krankheeten (Scheuermann) bréngen déck Problemer mat sech.

De bioenergetesche Bilan, dee mat dem Metatron gemaach gëtt, liwwert eng Analys an ee globaalt Bild vum Skelett a vu sengem Schwéngungsgläichgewiicht. An dodra läit dee wichtegste Virdeel vun dëser Technik. Fir d’éischt ginn all betraffe Beräicher am Iwwerbléck gewisen, an da gëtt een detailléiert Bild vu jidder eenzelem Beräich gemaach.

D’Metatronik an d’Metatherapie bidden immens vill Méiglechkeete fir an déi wichtegst Organer vum mënschleche Kierper anzegräifen. Dës Technike behaapten net, dass se perfekt wiere, mee si hu bewisen, dass se bei ville Krankheeten hëllefe kënnen.

Chronesch Migrän

D’Migrän ass eng Krankheet, déi mat Schmäerz begleet ass an déi eist Liewe behënnert. Si ka genetesch bedéngt sinn oder duerch d’Ëmwelt entstoen. Si kënnt bei Frae méi dacks fir, wéi bei Männer. Heiansdo kënnt eng Migrän wann een sech ganz vill kierperlech ustrengt. Typesch Zeeche fir eng Migrän si Kappwéi an Iwwelzegkeet.

D’Analys vu Leit déi mat enger Migrän geplot si weist eng energetesch Iwweraktivitéit vun den Nervenzellen, besonnesch un de Synapsen, déi di intrazellular Verbindunge garantéieren. D’Grafik weist eng grouss Disharmonie vun de Schwéngungen tëschent deenen zwou Gehierhallschenten.

Bei enger Migrän liwwert d’Metatherapie eng formidabel Verbesserung vum kranken Zoustand. Duerch d’Behandlung kënnt et erëm zu engem energetesche Gläichgewiicht vun den Zellen. Ausserdeem bréngt si et fäerdeg, dass den Organismus méi laang entlaascht gëtt. Dobäi ass d’Metatherapie allerdéngs just een Zousaz zu der klassescher Behandlungsmethod.

Schlëmme Kappwéi

Mat dem Wuert « Kappwéi » gi vill verschidde Krankheete gemengt. Ënner Kappwéi versteet een ee lokale Wéi am Beräich vum ganze Kapp. Dës liicht bis méi schwéier Krankheet huet virun allem een zäitweilegen Afloss op de Kierper.

An dësem spezielle Fall weist den Energiebilan ee sensibele Beräich, dee just op der lénker Gehierhalschent ass. Änlech Resultater goufen no extrem laangem Gebrauch vun Handyen, déi ganz vill stralen, festgestallt.

Dräi Metatherapie-Seancen hunn zu enger positiver Verännerung geféiert. Déi energetesch Iwwerkativitéit vum Gehierlappen as bal ganz verschwonnen. Op der Grafik ass elo eng Kurf ze gesinn, déi ganz no bei de gewënschte Wäerter läit. Déi betraffe Persoun huet doriwwer eraus eng wierklech Besserung erreecht.

Go to top