Erfarunge vu Patienten

Erfarunge vu Patienten

Dee, vum Bioresonanz-Zenter offréierten, bio-energetesche Bilan an d’Metatherapie goufe vu ville Leit, déi nieft hirer konventioneller medezinescher Behandlung, op dës Techniken zréckgegraff hunn, positiv bewäert. Well dës 100% natierlech Methoden hu ganz vill Virdeeler: einfach Behandlungen, déi net laang daueren, séier Behandlungsresultater, keng Schmäerzer a komplett ouni Niewewierkungen asw. D’Bioresonanztherapie get virun allem recommandéiert, fir dass et dem betreffende Patient besser geet bei Krankheete vum Verdauungs-, dem Hormon- dem Ootmungs-, dem Urogenital, dem Beweegungs- an dem Lymphsystem; do dernieft gëllt dat och bei Stéierungen um Nervesystem. Des Techniken kënnen och gebraucht gi, fir dem Kierper bei Stress, bei Middegkeetszoustänn, bei Stéierunge vum Schlof oder bei akuten an chroneschen Allergien ze hëllefen.

D’Madamm V. (Metz,Frankräich)

"Fir laang Zäit hat ech eng ganz schlëmm Arthros am Knéi. Doduerch konnt ech nëmme mat engem Bengel goen. Ech war bei engem Dokter, dee mir eng schwéier a komplizéiert Operatioun virgeschloen hat. Duerch d’Metatherapie ass et wierklech vill besser ginn, an dat schonn no kuerzer Zäit."

D’Madamm V. hat eng schwéier Arthros mat enger zousätzlecher Quëtschung vun der Plaz tëschent dem Gelenk. Dës Quëtschung ass duerch eng grouss Ofnotzung vum Knorpel am Décke vum Been an am Schinnebeen entstan. Dës heefeg a schlëmm Stéierung entsteet normalerweis no enger posttraumatescher oder degenerativer Blessur.

Duerch d’erëm Zréckkréie vun dem energetesche Gläichgewiicht am ënneschten Deel vum Décke vum Been konnt een Deel vun der mechanescher Funktioun vum Knéi erëm garantéiert ginn. De Schmäerz, deen déi ganzen Zäit bei der Arthrose war, ass no e puer Metatherapie-Seance vill zréck gaangen. Dës Seance goufen nieft dem Dokter senger Behandlung, déi am Spidol duerchgefouert goufen, gemaach.

D’Madamm F. (Lëtzebuerg)

"Zanter ongeféier zéng Joer leiden ech u Rheuma an de Fangeren, déi méi déck ginn an ëmmer méi wéi dinn. Ech huele Medikamenter géint d’Entzündung, déi mäin Dokter mir verschriwwen huet. Mee ech muss awer och soen, dass d’Bioresonanz-Method mir a leschter Zäit gehollef huet."

Dien hei beschriwwene Fall ass ganz typesch: Hei geet et em eng rheumatesch Polyarthritis an engem fréie Stadium, vun dier all d’Gelenker vun der Hand betraff sinn. Dës Symptomer gesäit een heefeg bei eeler Persounen, déi normalerweis zu enger Aschränkung féieren, déi ëmmer méi grouss gëtt. D’Ursaach dovunner si Verformunge vun de Schanken a Schmäerrzen, déi ëmmer erëmkommen.

D’Bioresonanztherapie eegent sech immens fir chronesch Entzündungen ze behandelen, déi eppes mat Arthritis oder ganz allgemeng mat Rheuma ze dinn hunn. Mat der Metatherapie kënnen an dësem Beräich immens gutt Resultater gemaach ginn, déi de Verlaf vun der Krankheet bremsen an d’Schmäerzer ganz vill manner gi loossen.



Den Här C. (Nanzeg, Frankräich)

Déi betraffe Persoun leit ënnert enger Interkostalneuralgie, déi op eng Entzündung vum Spiralnerf zréckgeet. „Schonn déi klengste Beweegung huet et zu Schmäerzen an der Broscht an am Réck bruecht. Ech hu mech net méi getraut, mech ze bewegen, sou wéi huet dat gedo“ Dës Stéierung ka méi Ursaachen hunn, mee am Allgemengen huet se eppes mat enger Arthros vun de Wirbelgelenker ze dinn, déi d’Interkostalnerve schiedegen. D’medezinesch Behandlung mat Medikamenter (déi vum Dokter verschriwwe ginn), déi de Schmäerz an d’Entzündung ewech huelen, kann duerch d’Metatherapie sënnvoll ergänzt ginn, well si kann d’Verbessere vum Zoustand vum Patient méi séier virun dreiwen. Mir roden allerdéngs ëmmer virun enger Behandlung mat der Bioresonanz-Method den Dokter em Rot ze froen.



Den Här T. (Esch-Uelzecht, Lëtzebuerg)

„Mäin Dokter huet bei mir ganz schwéier Liewerstéierunge festgestallt a mir ee Regime ouni Fett recommandéiert. Duerno hunn ech d’Bioresonanz-Method ausprobéiert, an dat huet mer direkt vill bruecht.“ Erkrankunge vun der Liewer kënne ganz vill Ursaachen hunn déi zu ënnerschiddleche Resultater kënne féieren: Hepatite an Zirrhos sinn déi heefegst Formen. Si kënnen nëmmen duerch eng Bluttanalyse, déi vum Dokter verschriwwe gëtt, erausfonnt ginn. D’Metatherapie, déi beim Här T gemaach gouf, huet et wierklech a ganz kuerzer Zäit mat sech bruecht, dass et zu enger grousser Verbesserung vun de Verdauungsfunktioune vun der Liewer koum. An dobäi ass déi lokal energetesch Iwweraktivitéit, déi fir dee meeschten Deel vun de Liewerstéierunge verantwortlech ass, verschwonnen.


D’Madamm P. (Colmar, Frankräich)

„2012 krut ech eng Prothesenoperatioun gemaach, sechs Méint mi spéit gouf duerch eng Szintigraphie, d’Resultat kontrolléiert. Bei dem Studéiere vun de Biller huet den Dokter eng Verännerung am Beräich vum Broschtkuerf gesinn. D’Ënnersichung mat der Bioresonanz-Method, déi duerno gemaach gouf, koum genee zu deem selwechte Resultat.“

Et as wierklech esou, dass déi nuklearmedezinesch Biller eng Verännerung op der Héicht vum Broschtfell uewen am Broschtkuerf gewisen hunn. Fir dat Ganzt ze confirméieren a fir eng genee Diagnos vun der Krankheet je kréien, wäert dës Patientin weider radiologesch Ënnersichunge maache mussen.

D’Ënnersichung no der Bioresonanz-Method huet, genee wéi Szintigraphie, Stéierungen am selwechte Broschtkuerfberäich gewisen. Well Resultater d'selwecht sinn, gesäit een, dass d’Bioresonanz-Method eng ganz sécher Technik ass, fir Stéierungen am Kierper vum Mënsch ze gesinn.



D’Madamm E. (Boulay, Frankräich)

„Zanter méi wéi 20 Joer leiden ech un Zockerkrankheet, déi duerch ee groussen emotionale Schock entstanen ass. Trotz enger Behandlung ass mäin Zocker ëmmer ze héich. Virun enger kuerzer Zäit hunn ech dräi Metatherapie-Seance gemaach krut. Duerno huet mäin Zocker sech normaliséiert.“

Déi 70-joer-al Patientin huet eng Insulinresistenz, déi op den Typ II Diabetes zréck geet. Dovunner si ganz vill Leit geplot. Duerch d’Wierkung op der Bluttzocker an déi net héich genuch Produktioun vun Insulin duerch Bauchspeicheldrüs bréngt dëst d’Leed Krankheete mat sech, déi fir de Kierper eng grouss Gefor sinn.

D’Metatherapie-Seance vun der Patientin huet zu enger Reguléierung vun den Energieflëss vun den Organer (Liewer, Bauchspeicheldrüs) gefouert, déi fir den Zocker responsabel sinn. Déi Bluttanalyse, déi duerno gemaach gouf, beweist, dass den Zocker am Blutt net méi ze héich ass.

Go to top