Réseaux sociaux

Een energetesche Bilan vun der Bioresonanz

Mir hu fir Iech een Test gemaach

Een energetesche Bilan vun der Bioresonanz

Auteur: France Clarinval - RTL

Link RTL:

https://5minutes.rtl.lu/actu/on-a-teste-pour-vous/a/1446054.html

D’Bioresonanz versprécht, mat Hëllef vun elektromagnetesche Stralen, de physeschen Zoustand vun enger Persoun kënnen ze miessen a bei verschidde chronesche Krankheeten eng Verbesserung ze maachen.

Ech wëll méi iwwer d’Bioresonanz, eng Method aus der Famill vun der net-konventioneller Medezin wëssen. Des Method gehéiert zu engem quantesche medezinesche Verfaren a baséiert op der informatescher Analys vun den Energieflëss vum Organismus.

Si soll de Bilan vu verschiddene Gebidder maachen an eventuell « elektromagnéitesch Anomalitéiten » an den Organer feststellen. Doriwwer eraus soll se déi Situatioun verbessere kënnen, andeems se ganz schwaach Signaler an de Kierper schéckt.

Ech muss soen, dass et dee Genre vu Gebraddels ass, dee wëssenschaftlech Wierder gebraucht, dee mech net wierklech beréiert, fir net ze soen, dass e mech total skeptesch mécht. Mee ech sinn trotzdeem wëlles, bei diem Spill do matzemaache, fir dat Konzept ze verstoen.

Den Här Eric Esch, vun der Bioresonanz vu Miersch, empfänkt mech a sengem Cabinet an erkläert mer, dass « des Technik et him erlaabt een Organ no deem aneren, an ee System no deem aneren immens präzis ze moossen, an domatter de kierperlechen Zoustand vun deer Persoun festzestellen. »

Ech setzen an enger Fotell a kréien ee Kopfhörer op de Kapp gesat (dee bal esou ausgesäit wéi ee Kopfhörer fir Musek ze lauschteren). Dëse Kopfhörer ass mat enger Maschinn verbonnen déi elektromagnéitesch Stralen a mäi Kierper schéckt. Kee Produit a keng Sond gi bei der Ënnersichung gebraucht. Ech spiere weder eng Behënnerung, nach ee Kribbelen an och keng Hëtzt.

Den Apparat « scannt » (dobäi ass et keng Scanner-Technik, mee d’Manéier, wéi d’Resultater presentéiert ginn, gesäit esou aus) an e puer Minutten all d’Energieflëss vu mengem Kierper. D’Moossunge gin duurch ee Computerprogramm opgezeechent, deen d’Stäerkt vun den energetesche Stralen auswäert, déi typesch fir all eenzelt Organ sinn, an duerno gëtt hiren Zoustand berechent. D’Resultater gesäit een op dem Monitor a Form vu syntheeteschen Duerstellungen.

Et gesäit ee Punkten op de Biller: vu giel  (normal) bis schwaarz (pathologesch).

D’Diagnos kënnt: ech hunn eng Schwächt am lénken An an ee Probleem mat mengem Uterus. An dat ass et, wat mech paff mécht: ech hat iwwerhaapt guer näischt vu mengem Zoustand virdru gesot, an ouni hei iwwer mäi Gesondheetszoustand ze schwätzen, muss ech soen, dass déi medezinesch Diagnos an déi vun der Bioresonanz-Method ‘t selwecht sinn.

Eng Fro vum Sprit

Elo kënnt den Deel vun der « Behandlung ». Dobäi geet et net drëms, fir mäi lénkt An erëm ze heele, mee fir ganz einfach eng verstoppten Nues ze behandelen.

« All d’Organer si matenee verbonnen, a wann eent net richteg fonctionéiert, zum Beispill, duerch eng Allergie, da kann dat eng Schwächt oder ee Problem un engem anere mat sech bréngen », seet den Eric Esch mir, dee sech dunn fir meng Liewer interesséiert.

Hie stellt domadder bei mir eng Intoleranz fir Koumëllech fest; dëst duerch d’Lëscht vun den Allergenen déi de System him ginn huet an hie versicht dat da mat engem ëmgedréinten Energiefloss am Verhältnis zu der Koumëllech ze beaflossen. « D’Metherapie-Method erlaabt et déi energetesch Frequenze vum Kierper ze erfaassen, an duerno Verbesserungsstralen, déi ugepasst sinn, an de Kierper ze schécken », erkläert de Spezialist.

Dat kléngt alles erëm eng Kéier ganz esoteresch a komesch, mee ech muss soen, dass meng Nues elo op ass. Et ass allerdéngs schwéier fir ze soen, wat de Placebo-Effekt fir een Deel anhëlt, mee ech fille mech besser.

Eng Behandlung mat der Metatherapie ass bei chronesche Krankheeten, wéi Allergien, Problemer mat de Gelenker an de Verdauung ubruecht. Déi éischt Seance kascht 120 Euroen, an all déi duerno, 100 Euroen.

Den Eric Esch gëtt mer ee Verglach, fir de Problem vun den Intoleranze gutt ze verstoen. « Wann een dee falsche Sprit an den Auto schëtt, dann ass et net den Auto, dee schlecht geet, mee ‘t ass de Sprit, dee falsch gewielt gouf. Wann ee ganz e bëssi Bensinn an een Dieselauto mécht, da rullt den Auto nach, mee e wäert beschiedegt ginn. »

Ech krut also gesot, dass ech besser hätt, op d’Koumëllech ze verzichten (an och op de Gluten, deen och op der Lëscht steet). Ech iesse gäre Kéis a Nuddelen a si net frou iwwer dat, wat gesot gouf. Mee dat wat eis net schued, dat mécht eis méi staark…. ech wäert dat dann elo emol probéieren. 

Informatiounen um (+352) 27 84 93 88

#articulations / #nuque / #cervicales / #lombaires / #tandinites / #arthrose / #arthrite / #nevralgie / #neuropathie / #epaulegelée / #lombalgie / #digestion / #douleurschroniques / #douleurs / #ballonnements / #pollens / #allergies / #estomac / #detox #bienetreaunaturel / #alternativestherapies / #luxembourg / #bioresonance / #bioresonancetherapy / #bioresonanztherapie / #bioresonanz / #metatron / #nls / #ipp / #clinical /

Go to top