Energiebilan

Wéi fonktionéiert den Energiebilan?

Déi energetesch Ënnersichung vum Organismus mat der Bioresonanz-Method ass eng Technik, déi et op dier enger Säit scho laang gëtt (si gëtt vun asiateschen Therapeuten zanter méi wéi dausend Joer benotzt) an op dier aner Säit ass se zanter de Fuerschungsaarbechte fir d’Eruewerung vum Universum duerch russesch Kosmonauten och ganz aktuell. Dës nei a patentéiert Prozedur, déi sech weltwäit bewisen huet, baséiert op der Computer-Evaluatioun vun den Energiequelle vum Organismus. Mat der Hëllef vun dëser Technologie kann de physiologeschen Zoustand vun engem Mënsch genee gemiess ginn, andeems een Organ no deem aneren an ee System no deem anere genee duerchgeholl ginn:



  • komplette Scann vum Kierper
  • kéng invasiv Ënnersichung
  • komplett sécher Method
  • 3d-Erfaassung vun den Organer
  • Analyse vun dem Energiefloss
  • präzis a korrekt Visualiséierung

Wann den Energiebilan gemaach gëtt, huet déi betreffend Persoun fir e puer Minutten ee Gerät um Kapp, dat engem einfache Kopfhörer gläicht an dat den Energiefloss vum Kierper Organ fir Organ moosst. D’Wäerter vun dier Miessung gi mat enger spezieller Software (Metatron) erfaasst. Dës Software miesst déi duerchschnëttlech Stäerkt vun der energetescher Ofstralung vun all eenzelem Organ a berechent direkt de potenziellen Zoustand. D'Resultater ginn um Ecran a Form vu schematesch realistesche Representatioune gewisen.

Beispiller


Hei kann een eng 3D-Representatioun vun engem kompletten Häerzmuskel gesinn. Uewen op dem Organ ass den Usaz vun den arteriellen Oderen ze gesinn. Dës schematesch Representatioun weist den energeteschen Zoustand vun engem realen Organ a Form vu Punkten, déi den Niveau vun den Energieflëss duerstellen.
D’Analyse vun der Wirbelsail liwwert änlech Resultater: Déi energetesch Spannungsspunkte ginn an der Form vu Piktogrammer (Kreesser, Rauten, Dräiecker asw.) gewisen, déi den Niveau vum Energiefloss bewäerten. Déi faarweg Linnen an der rietser Fënster um Ecran ginn Opschloss op d’Verhale vum betreffenden Organ.
Dës Kéier gesäit een d’Wirbelsail am Schnëtt: mam Metatron-System kann den Organismus a vill vektoriell Niveaue gescannt ginn, sou datt et genee dat energetescht Verhale vun den Organer gesäit. All Parametere ginn erfaasst a sinn dann ee kompletten Energiebilan.

E ganzt zouverlässegt System

De Computer-System, fir den Energiebilan mat der Bioresonanz-Method ze maache, gëtt vu Wëssenschaftler am Institut fir ugewannt Psychophysik zu Omsk (Russland) zanter 22 Joer ëmmer weiderentwéckelt an aktualiséiert. Dës energetesch Kierperanalyse ass eng net-invasiv Prozedur an där d'Integritéit vun der Persoun bestoe bleift. Bei der Ënnersichung gëtt weder e Medikament nach eng Sonde benotzt. D’Ënnersichung ass komplett ouni Péng an huet keng ongewollten Niewewierkungen op den Organismus.

De Prinzip vun der Bioresonanz-Method baséiert op der Behaaptung, déi vu Wëssenschaftler bewise gouf: Zelle vun egal wat fir engem Deel vum Organismus senden elektromagnetesch Signaler mat Frequenzen aus, déi fir all Organ charakteristesch sinn. Duerch d'Analyse vun dësen d'Energieflëss a mam Verglach vun den Energieflëss vun engem gesonden Organ, kënnen eventuell falsch Funktioune vun dem ënnersichten Organ entdeckt ginn.

De Metatron-System fir d’Bioresonanz-Method huet eng Datebank, déi detailléiert Informatiounen iwwer bal all bekannte Krankheeten huet. Duerch Verglach mat den Analyse vun der ënnersichte Persoun, fënnt de System energetesch Ofwäichunge vu jiddwer Organ a mécht ee Bilan vun de festgestallte Stéierungen. Mat dëser Technik kënne Krankheete ganz genee identifizéiert ginn, souguer schonn ier se ausgebrach sinn.

Den Energiebilan, deen een am Bioresonanz-Zenter maache ka loossen, ass ganz zouverléisseg a kann nieft de klasseschen Ënnersichunge wierksam benotzt ginn.

Go to top