D’Äerd

Zanter dem Ufank vun der Zäit ass d’Äerd eis Iessensquell an eise Pol fir d’Verwuerzlung mat der joerdausentaler Traditioun. D'Äerd steet do fir d’Fruchtbarkeet an ënnerstëtzt eis dobäi d’Wäerter vun der Trei an der Ausdauer an eise Verflichtungen ëmmer ze behalen.


d'Loft

Dat am wéinegste gräifbaart vun de véier Elementer aus dem Universum ass gläichzäiteg dat wichtegst fir eist Liewen. D’Loft huet vill Gesiichter, déi eis Sënner verstäerken. Als Symbol fir legendär Liichtegkeet belieft d’Loft eis Perceptioun an invitéiert eis, eis ganz Virtualitéit ze ënnersichen …


D’Feier

D’Ur-Energie vum Feier weist sech an eise Leidenschaften a wëllt eis Räifung méi staark maachen. D’Element Feier dreift eis zu méi Fäegkeeten, fiddert eis Innovatiounskraaft a weist eis d’Richtung vun eisem Schicksal, an deem et eis Weeër weist, déi eis undreiwen.


D’Waasser

Waasser ass fir eist Liewen an eise Kierper liewenswichteg a wesentlech, gläichzäiteg ass et och ee wichtegen Deel dervun. Duerch seng aussergewéinlech energetesch Eegenschafte kann d’Waasser eist genetescht Ierwen iwwer Generatioune späicheren a weiderginn …


Energie

Zu der Quantentherapie gehéieren d’Bioresonanz-Method, dat d’biologesch Schwéngunge vum Kierper analyséiert, an d’Metatherapie, déi d’Gläichgewiicht erëm hierstellt. Dës energetesch Method geet op d’Quantephysik zréck an harmoniséiert déi véier Elementer vum Universum …


Zenter

Bioresonanz Zenter Miersch
13, rue Docteur Ernest Feltgen
L-7531 MERSCH
Tel : +352 27 84 93 88

Wëllt Dir Iech iwwert d’Präisser informéieren? Da klickt w.e.g. op d’Präisufro


Äere Coaching fir Iech wuelzefillen

Die Bioresonanz-Zenter bitt Iech déi aussergewéinlech Geleeënheet Är Ressource mat hëllef vun enger exklusiver a wëssenschaftlech unerkannter Method erëm opzelueden. Een no der Bioresonanz-Method opgestallten Energiebilan weist kloer an däitlech Äert Verhalensmuster. Doduerch kënne gëeegent Coaching-Léisunge fonnt ginn, woumat Dir Äert natierlecht Gläichgewiicht kënnt erëmkréien.

Mersch :
(+352) 27 84 93 88


Präislëscht ufuerderen

1
Wéi fonktionéiert dat?

Entdeckt d’Geheimnisser vun dem Bioresonanz- an der Energiebilan-Method a fannt eraus, wéi déi Techniken Iech zu neiem Wuelbefanne féiere kënnen.

Weiderliesen
2
Bewise Wiirksamkeet

D’Metatherapie ass eng nei a ganz zouverlässeg Method, fir Äert energetescht Gläichgewiicht ze stäerken an all medezinesch Behandlung wierksam ze ënnerstëtzen.

Weiderliesen
3
Getest a fir gutt fonnt

D’Erfarunge vun de Metatherapie-Client’en soe vill iwwert Zefriddenheet met dëser Method. E puer Beispiller weisen Iech, wéi d’Metatherapie wiirkt.

Weiderliesen

Schmäerz vun de Gelenker



Des Problemer si fir d’Metatherapie ee bekannten Terrain; mat hir kritt een an dësem Beräich ganz gutt Resultater.
Weiderliesen

Krankheete vum Skelett



D’Metatherapie huet ganz vill Méiglechkeete fir eppes un de wichtegsten Organer vum mënschleche Kierper ze bewierken.
Weiderliesen
Problemer mat dem Mo an dem Daarm


D’Metatherapie reduzéiert an engem ganz grousse Mooss d’Entzündungsberäicher, a mécht de Wee fräi fir dass eng Heelung éischter méiglech gëtt.
Weiderliesen

Votre coaching bien-être LU

Ethik-Charta

D’Bioresesonanz-Method respektéiert ethesch Critèren, déi an enger „Responsibility Charta“ zesummegefaasst sinn. Dobäi gëtt grousse Wäert drop geluecht fir déi physesch a psychesch Integritéit vun de Leit, déi op d’Leeschtunge vum Zenter zréckgräifen, ze garantéieren.

Déi eenzel Punkte vun der Ethik-Charta, déi hei opgezielt ginn, garantéieren d’Qualitéit an de Seriö vun eise Leeschtungen.

  • 1
    D’Bioresonanzmethod an d’Bioenergetik sinn Techniken, déi de Mënsch an seng Ëmwelt respektéieren.
  • 2
    Si hëllefen, d’Viraussetzunge fir ee gesonnt biologescht Gläichgewiicht zum Wuel vu jiddem Eenzelnen ze schafen.
  • 3
    Déijéineg, déi d’Bioenergetik ubidden, verflichten sech, hir Leeschtungen éierlech auszeféieren.
  • 4
    Si verflichten sech ausserdeem, dass si bei hirer Aarbecht de Grondsaz vum Respekt vun der Persoun anhalen.
  • 5
    Doriwwer eraus mussen si de Grondsaz vun der Offenheet anhalen a ginn dowéinst kloer an éierlech Renseignementer.
  • 6
    Déijéineg, déi d’Bioenergetik ubidden, sti ganz am Dingscht vun hire Client’en a verfollegen dauernd deenen hier Entwécklung.
  • 7
    Déijéineg, déi d’Bioenergetik ubidden, informéieren sech reegelméisseg iwwer Weiderentwécklunge vun hirem Aarbechtsberäich, an hir Offere sinn ëmmer um leschte Stand vun der Entwécklung.
  • 8
    Déijéineg, déi d’Bioenergetik ubidden, si keng Therapeuten a recommandéieren dofir hire Client’en ëmmer mat hirem Dokter ze schwätzen.
  • 9
    Si gi keng medezinesch Diagnos a kënnen net d’Aarbecht vun engem schoulmedezineschen Therapeut iwwerhuelen
  • 10
    Déijéineg, déi d’Bioenergetik ubidden, respektéieren déi Gesetzer déi et ginn, a verflichten sech, transparent ze schaffen.
Go to top